Search lyrics

Typing something do you want to search. Exam: Artist, Song, Album,Writer, Release Year...
if you want to find exactly, Please input keywords with double-quote or using multi keywords. Exam: "Keyword 1" "Keyword 2"

De Läb

Genres: Hip-Hop

De Kueb Päiperlek Lyrics - De Läb

Ech loossen iech fauchen, ech bleiwe léiwer oft de Stommen, 

well jidderee wëll tauchen, mä bal keen ass fräigeschwommen. 

Ech soen et just eemol, mech kanns de net vernennen, 

ech sinn ebe wéi eng Tefals-Pan, ech loossen näischt ubrennen. 

 

Eis Influenze krute mer aus dem Papp senger Kollektioun verierft, 

Hiphop ass keng Musek, et ass ee Gefill, wat ee lieft. 

An eis Sprooch stierft net aus, et ass jo kee Latäin, 

genéiss eise Sound op der Couch an engem Pätsche Wäin. 

 

Mär fëllen däi Kamäin, well um Mikro sinn ech bësseg, 

well soulaang de Schlauch drëpst, bleift deen heite flësseg. 

Also stëppel net, du Krëppel, oder ech lénken dengem i den Tëppel. 

An där steet... 

 

Related 

 

The Best Karaoke Songs Ever, Ranked 

 

Nicki Minaj Drops New Songs 'Barbie Tingz And 'Chun-Li' 

 

Every Lyric From Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' 

 

Deng Ouere kréien Aen, wann ech de Beat mat menge Wierder fierwen. 

Wat wëlls de man, wann ech dech aus der Realitéit eraushiewen? 

Dat geet un all Strummert oder Bonzekand, 

komm danz op eise Frequenzen a fill dech wéi d'Alice am Wonnerland. 

 

Meng Sënner reesen duerch d'Land ewéi an der Bibel d'Nomaden, 

ech balancéieren um dënne Fuedem, do wou d'Leit sech en Equiliber erwaarden. 

Fir mech zielt de Moment, mäi Lifestyle ass improviséiert, 

d'Haaptsaach, d'Beats si programméiert; kee Plang, wat muer passéiert. 

 

Ech netze meng Gorgée, fir aus mir erauszeklammen, 

de Kueb wäert elo aus sengem Nascht verschwannen. 

D'Flilleke gespëtzt, a prett fir an der Minett z'erbléien, 

wann hie seng Erfahrunge mécht, ma da loosst hien och fléien. 

 

Probéieren Dag fir Dag, mär d'Lat méi héich ze leeën, 

wann ech op der Landkaart wäiss Flecke verdeelen. 

Et wäert reenen Dünger fir den hongerege Buedem, 

och wann d'Pänz sech u Chrëschtdag rëm iwwerlueden. 

 

Check Out 

 

Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' Is Out Next Week 

 

Match These Taylor Swift Songs to Her Ex-Boyfriends 

 

Every Lyric From Keith Urban's New Album 'Graffiti U' 

 

The 18 Greatest Revenge Songs of All Time 

 

Ech mole mäi gielen Numm an de Schnéi an dëser Wanterzäit, 

a wann d'Kand erëm jäizt, da weess d'Mamm, et ass erëm souwäit. 

De Kueb ass rëm do an ëmkreest säin Eck, 

de Monopol vum Sproochgesang ewéi de Scholesch Eck. 

Copyright: Song Discussions Is Protected By U.s. Patent 9401941. Other Patents Pending.