Search lyrics

Typing something do you want to search. Exam: Artist, Song, Album,Writer, Release Year...
if you want to find exactly, Please input keywords with double-quote or using multi keywords. Exam: "Keyword 1" "Keyword 2"

De Läb

Genres: Hip-Hop

De Läbdance Lyrics - De Läb

Do dech plakeg aus a looss mech dir an d'Séil luussen, 

gëff dach zou, mat dëser Kaz géings du dach och am léifste schmusen. 

Komm, so wat s de denks, mär sinn ënner véier Aen, 

maach wéi doheem, well bei eis däerfs de wierklech alles man. 

Schlo de Yuppi zum Beispill oder taxéier de Superjhemp, 

check där e Groupie, nee eng Bom, nëmme wéinst hirer décker Rent. 

Vu mär aus bréng deng Kaz mat an danz mat hir e Slow, 

egal ob déck oder dënn, schwaarz oder wäiss, d'Haaptsaach, mär si frou. 

A wisou? Majo eng kleng Session kann net schueden, 

alles ass erlaabt - ausser sech schminken ass verbueden. 

Hei bléist en anere Wand, dofir genéiss emol eis Bris, 

vergiess d'Eva an den Adam, mär weisen iech en anert Paradis. 

 

Related 

 

The 18 Greatest Revenge Songs of All Time 

 

Nicki Minaj Drops New Songs 'Barbie Tingz And 'Chun-Li' 

 

Every Lyric From Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' 

 

Dofir looss d'Sau eraus a blär ewéi um Spiiss, 

wenzel dech am Bulli, eise Kolleg ass sécher net de wäisse Ris. 

Also maach och keen op Meeschter Propper, 

schäissegal, wann et erëm reent, oder bass du aus Zocker? 

Dréckt de Schong, ma da stréck en emol méi locker, 

soss danz Pogo a kräisch dobäi wéi bei den Emorocker. 

Weis deng zwou Boulë Mokka a mär wäerten et genéissen, 

a wann een dech nervt, kanns du e jo gären op de Mound schéissen. 

Fills de dech an denger Bezéiung wéi am Prisong, 

setz der Saach en Enn, fill dech fräi an danz mat eis op dëse Song. 

Maach tabula rasa a befrei dech vun deem Dauerzoff, 

De Läb ass fir dech do a spent der den néidege Sauerstoff. 

 

Check Out 

 

Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' Is Out Next Week 

 

Songs That Will Make You Cry Uncontrollably 

 

Every Lyric From Keith Urban's New Album 'Graffiti U' 

 

27 Best Ever Songs From Movie Soundtracks 

 

REFRAIN 

De Läbdance, 

verbreet peace and love wéi um Woodstock! 

Jo, vun eisem Shit kriss d'en héije Bluttdrock. 

De Läbdance, 

Minetter Jongen um Mikro, dat ass jo kloer. 

Allez, d'Hänn an d'Luucht a weist mer w.e.g är Hoer! 

De Läbdance, 

verbreet peace and love wéi um Woodstock! 

Jo, vun eisem Shit kriss d'en héije Bluttdrock. 

De Läbdance, 

Minetter Jongen um Mikro, dat ass jo kloer. 

Allez, d'Hänn an d'Luucht a weist mer w.e.g är Hoer! 

 

Jo, där wëllt mat eis feieren, ma da wëll ech eppes héieren, 

well Stëmmung maachen hei am Land heescht net gläich sech blaméieren. 

Dofir zitt iech ganz liicht gesot de Bengel aus dem Hënner, 

a loosst iech verféiere vun eise schaarfe Mënner. 

Well mär representéieren am Fong nëmmen är Gedanken, 

an eisen Hiphop mécht duuschtereg, dofir fänkt mol un ze tanken. 

Ee Promill, zwee Promill, jo fill dech mat eis fräi, 

a bass du ganz geléist, da bass du beim Läbdance dobäi, 

looss dech goen, putain, hal op mat deem Gejéimers, 

well och an der schlëmmster Nout bleift De Läb däin Entertainer. 

Egal ob Texter, Freestyle oder einfach nëmmen Party man, 

dës dräi zackeg Borschte ginn iech alleguerten d'Kan. 

 

Netz mat enger Goldenshower d'éiweg Flam, 

a well s de schonn an der Géigend bass, klau och nach d'gëlle Fra. 

Wull der an der Nues a sprang wéi als Kand an all Pull, 

schäiss op de System an hannerlooss dem Heng virum Palais eng Strull. 

Sträich d'rout Bréck elo rosa un, d'Prosa ass drun, 

bei eis ass jo alles sou wonnerschéin an verlunn. 

Bass de midd dovun an hues eng Aarbecht, déi dech stresst, 

den Dr. Fluit réit der: Géi heem a krop der en Attest! 

Dëst ass eist Fest, wou mär am Alldag no Vakanz sichen, 

weist all äre Mëttelfanger a loosst eis un der Fräiheet richen. 

Danzt op den Dëscher, un der Staang oder am Käfeg, 

et ass elo Paarungszäit, also gitt emol méi leefeg! 

 

REFRAIN 

De Läbdance, 

verbreet peace and love wéi um Woodstock! 

Jo, vun eisem Shit kriss d'en héije Bluttdrock. 

De Läbdance, 

Minetter Jongen um Mikro, dat ass jo kloer. 

Allez, d'Hänn an d'Luucht a weist mer w.e.g är Hoer! 

Refrain 

Copyright: Song Discussions Is Protected By U.s. Patent 9401941. Other Patents Pending.

Are you remember?

Forever

Artist: Blake