Search lyrics

Typing something do you want to search. Exam: Artist, Song, Album,Writer, Release Year...
if you want to find exactly, Please input keywords with double-quote or using multi keywords. Exam: "Keyword 1" "Keyword 2"

De Läb

Genres: Hip-Hop

Den Dag Vun Der Oppener Dier Lyrics - De Läb

Et wor eemol en Haus mat enger schéiner Fassad, 

mat engem klenge Virgaart, mat moofe Schäiner um Bam. 

"Pëtz mech mol!", mä erwächt sinn ech net aus deem Dram. 

Eng gëlle Fra sot: "Kommt eran!", a mär si gaang. 

 

Et wor ee klengt Haus mat ville koloréierten Zëmmeren, 

mä dee groe Schleier wollt hier Faarwen um Blénken hënneren. 

D'Ambiance am Ënneren, déi wuar nawell e bësse latzeg, 

well ouni Kommunikatioun ginn déi grellsten Téin och blatzeg. 

 

De groe Schleier hat sech wéi e Film op meng Haut geluet 

an op eemol hunn ech e Gefill vu Sécherheet verspuert. 

Si gouf zur Sucht, déi Alldag a Liewe kontrolléiert, 

alles ass liberal, mä näischt ass toleréiert. 

 

Related 

 

18 Non-Traditional Yet Perfect Wedding Songs 

 

Nicki Minaj Drops New Songs 'Barbie Tingz And 'Chun-Li' 

 

Every Lyric From Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' 

 

Eng unzéiend Kraaft, wou dëse Schleier hat, 

Friemer wuaren all Dag op Besuch an owes nees op der Heemfahrt. 

Mee d'Heemechtssprooch gouf net oft geschwat, 

do huet e roude Léiw de rout-wäiss-bloe Fändel verbrannt am Gaart. 

 

Ee Privileg, deen een an dësem Haus ka genéissen, 

datt een haut um Menü zwou Sproochen am Pass ka begréissen. 

Hei schaffen déi mannst fir e sou genannten Hongerloun, 

Als Dessert gëtt et schliisslech en 13. Mount. 

 

Mä eppes un deem Schleier wuar ons schleierhaft. 

D'Fro wuar, firwat ee just als Fiffi fir sou deier schafft. 

Vum Schäi bedrunn, dëst wuar net d'Gerechtegkeet! 

E grousse Kuch wuar do, mä d'Stécker goufen net gerecht gedeelt. 

 

Als Bewunner beschränks de dech op dat Materiellt; 

du weess zwar net, wat dobausse leeft, mä de Fernseh ass d'Fënster zur Welt. 

Do koum eng statesch Figur fir d'Symbolik vun dësem Haus, 

elo fille mer eis doheem, well de Fändel hänkt eraus. 

 

Check Out 

 

Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' Is Out Next Week 

 

The 18 Greatest Revenge Songs of All Time 

 

Every Lyric From Keith Urban's New Album 'Graffiti U' 

 

Songs That Will Make You Cry Uncontrollably 

 

3 Mol Lëtzebuerg, wéi fréier ënnert de Brongen. 

Mär hunn zesumme gehal, dat huet och deemools gutt geklongen. 

An eis Nonno'en an de Minen, ouni si wier d'Haus mol net gebaut, 

Respekt aus déifster Broscht, gëllt hinnen och nach haut. 

Copyright: Song Discussions Is Protected By U.s. Patent 9401941. Other Patents Pending.