Search lyrics

Typing something do you want to search. Exam: Artist, Song, Album,Writer, Release Year...
if you want to find exactly, Please input keywords with double-quote or using multi keywords. Exam: "Keyword 1" "Keyword 2"

De Läb

Genres: Hip-Hop

Den Décken An Den Dënnen Lyrics - De Läb

Et wor eemol en décke räiche Mann, 

mat enger Pai, vun där all Stierflechen dach nëmmen dreeme kann. 

Hien hat e Bouf, et wuar en Eenzelkand, 

dee krut zwar keng Léift, mä dofir ee gefëlltene Kontostand. 

De Papp wuar Chef, Workoholic an fricorientéiert, 

seng Famill wuar him egal, déi ass dohi vegetéiert. 

Hien hat jo seng Sekretärin, déi him seng Flënt poléiert, 

dowéinst huet hie seng Fra vläit ni richteg schätze geléiert. 

Well déi sëtzt doheem a kräischt sech an d'Kappkëssen, 

mä dovunner wëll eise räiche Mann am Endeffekt näischt wëssen. 

Hie bréngt de Fluuss mat heem, dat rengegt säi Gewëssen, 

an aus deem Grond soll jiddereen him den Aasch këssen. 

Hien hält sech fir "The Man" , mä ass am Fong just e Stéck Schäiss, 

awer gutt protze mam Schäin, mä fir d'Famill wuar keng Zäit. 

Hien huet vläit de Status, den Ego an ass zimlech räich, 

mä um Enn vum laangen Dag ass hien trotzdem näischt. 

 

Related 

 

11 Delicious Misheard Lyrics About Food 

 

Nicki Minaj Drops New Songs 'Barbie Tingz And 'Chun-Li' 

 

Every Lyric From Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' 

 

Et wor eemol en Här, en huet Aarbechter geheescht, 

mä trotzdem huet e sou Muenches am Liewe geleescht. 

En huet haart geschafft fir e moere Mindestloun, 

en hat e futtisse Réck, mä dat pickt e Chef dach net déi Boun. 

Schaff a stéi all Moie fir mäi Profit op, 

a fro net erëm no enger Paierhéijung, du hues dach en Niewenjob. 

Währenddeems säi Chef am gaang wuar, seng Nieschen ze vergolden, 

wuar hie biergsteigen op säi Mount Everest, voll mat Scholden. 

Hien hat Gedold an huet éiweg op säi Gléck gewaart, 

mä gutt, datt hie seng Famill, säin eenzege Liichtbléck, hat. 

Si hunn alles fir hie gemaach, wéi hien alles fir si gemaach huet, 

hie wär scho laang um Enn, hätt en net hier Léift gespuert. 

Da spillt Geld jo keng Roll, mä dat seet just deen, deen es huet 

a sou huet en nëmmen nach Zäit un der Fläsch verbruet. 

Deen aarme Mued huet gekämpft mat geballtene Fäischt, 

och wann hien et verdéngt hätt, bleift hien trotzdem näischt. 

 

Check Out 

 

Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' Is Out Next Week 

 

Match These Taylor Swift Songs to Her Ex-Boyfriends 

 

Every Lyric From Keith Urban's New Album 'Graffiti U' 

 

26 Best Breakup Songs Of All Time 

 

Mär liewen an enger Gesellschaft, déi dech a Schichten aklasséiert, 

et klëmmt nëmmen deen an der Leeder, deen am meeschten akasséiert, 

Gläichberechtegung ass d'Wuert, wat een dagdeeglech héiert, 

e Liewen als Marionett, wou um Enn dach jidderee verléiert. 

Copyright: Song Discussions Is Protected By U.s. Patent 9401941. Other Patents Pending.