Search lyrics

Typing something do you want to search. Exam: Artist, Song, Album,Writer, Release Year...
if you want to find exactly, Please input keywords with double-quote or using multi keywords. Exam: "Keyword 1" "Keyword 2"

De Läb

Genres: Hip-Hop

Goldorak Lyrics - De Läb

Schéin nei Welt 

Dës Story ass al, si dréit e laange groe Baart, 

d'Hoffnung ass do, mä si ass am Zweiwel agespaart. 

Den décke wäisse Mann hannert dem Virhang ass eisen Imperator, 

hie frësst eis op a säi Rimm ass den Äquator. 

Doséier der d'Erliichtung, wéi et en Dimmer mécht, 

well du brauchs net méi ze denken, well dofir gëtt et d'Flimmerkëscht. 

Jo, de Medienzuch hält eis schéin op senger Schinn 

a reest mat där duerch Wäiten vun eisem Ënnerbewosstsinn. 

 

De Mënsch brauch Bestätegung a mécht sech wéi ëmmer Illusiounen, 

d'Liewen ass e Stommfilm, du muss dir e just selwer vertounen. 

Kaf der Waasserfaarwen a schaf der Plaz fir deng eege Kreatiounen, 

oder deng Séil ernährt sech weider vun den Depressiounen. 

Eis Welt vun haut ass déi, déi fir e kranke Verstand steet, 

da sëtzen ech mech léiwer rëm op de Potti an erliewen nach eng Kéier meng Kandheet. 

Et geet ëm Gewalt, Kapital, Muecht, Fric an ëm d'Fécken, 

eis Gesellschaft huet oppe Wonnen, mä et ass keen do, dee se wëll flécken. 

 

Related 

 

15 Huge Stars Who Were Backup Singers First 

 

Nicki Minaj Drops New Songs 'Barbie Tingz And 'Chun-Li' 

 

Every Lyric From Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' 

 

Kee Land a Siicht, d'Léisung schéngt nach wäit, 

den Äerdball ass gezeechent vun der Signatur vun eiser Zäit. 

An d'Zäit vergeet, verleeft, verflitt, fro mol den Dalí, 

du léiers haut scho Faltechniken am Fussball, mä 't ass keen Origami. 

Ob schwaarz, wäiss, giel, rout - Wee brauch Rassismus? 

D'Wäschmaschinn ass déi eenzeg Plaz, wou ee Faarwen trenne muss. 

Mär si mam Däiwel um Dësch, solle mer eis de Wäin reechen? 

Well och eng oppe Wonn hannerléisst dono säi Läinzeechen. 

 

Komm, huel mech mat der Hand a féier mech duerch mäi Liewenslaf, 

programméier meng Fonctiounen, well ech si wierklech gär däi Sklav. 

Ech brauch keng eege Meenung, hu jo een, dee fir mech wäert äntweren, 

mär sëtzen all am selwechte Boot, dat wat am gaang ass ze kenteren. 

De Läb verdeelt d'Äermecher, Zäit fir vu Bord ze goen, 

Schluss mat hire Märecher, Zäit, déi ganz Hord ze hannerfroen. 

Benotz däi Verstand, de fräie Wëlle wier net iwwel, 

well soss pisst dir iergendwann eng héijer Muecht an de Stiwwel. 

 

Check Out 

 

Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' Is Out Next Week 

 

23 One Hit Wonders You Still Can't Get Out Of Your Head 

 

Every Lyric From Keith Urban's New Album 'Graffiti U' 

 

Match These Taylor Swift Songs to Her Ex-Boyfriends 

 

Oh mäi grousse Brudder, du hues iwwerall deng Patten dran, 

sou datt kee méi ouni däi Wësse méi op d'Toilette kann. 

Merci, ech krut vun där mäin éischte biometresche Pass 

an elo spueren ech Postkaarten, well s de jo elo ëmmer bei mer bass. 

Du häls eis ëmmer schéi kleng an denge Schablounen, 

well vun der Couch aus starte mer nach laang keng Revolutiounen. 

Dofir kuckt no vir, huelt äert eegent Steier a rénkelt, 

kuckt net no hannen, well soss verléiere mer eis all am doudege Wénkel. 

Copyright: Song Discussions Is Protected By U.s. Patent 9401941. Other Patents Pending.