Search lyrics

Typing something do you want to search. Exam: Artist, Song, Album,Writer, Release Year...
if you want to find exactly, Please input keywords with double-quote or using multi keywords. Exam: "Keyword 1" "Keyword 2"

D' Stëbslong


Artist: De Läb
Genres: Hip-Hop
Total songs: 1
Year: 2011

Klapp An D' Hänn Da Bass De Frou Lyrics - D' Stëbslong - De Läb

Säit kuerzem sichen ech nom kloere Gedanken, 

d'Liewen ass verniwwelt, wann ech Inspiratioun tanken. 

Am rouden Zuch vum Libanes ka mäi Geescht gutt reesen, 

eraus iwwer d'Rifbierger bis an déi héich Vogesen. 

Mäin Ech léisst sech goen, gekësst vun der Muse, 

hannert dëser Dier ass d'Paradäis, wäit ewech vum Blues. 

Maach dech labber a genéiss de Coup, 

mär liewen de Moment, alles anescht ass tabu. 

Mä Leit ginn onglécklech vun deem villen Iwwerleeën, 

amplaz sech iwwert dat, wat een huet, ënnerlech ze freeën. 

Dobäi entstinn Turbulenzen, 

d'Leit muss ee sech openeen astellen, alles eng Saach vun de Frequenzen. 

Wou ass de gudden Iesel, dee sech nëmmen eemol stéisst? 

Deen, deen den éischte Steen gehäit, den Abegraff vu faméis. 

Well hannert der haarder Schuel bleift oft just déi waarm Loft, 

déi camoufléiert gëtt mat franséischem Designerdoft. 

 

Nenn et wëlleg oder bëlleg, 

well wann ech hunn, da wëll ech 

a wann ech wëll, dann hunn ech. 

Jo , Stress dat ass Gewunnecht, 

dat geet un dech wéi e Fuuss, deen op der Bunn pecht, 

et läit un dir, schumm dech oder lief mat der Gewunnecht. 

 

Related 

 

18 Non-Traditional Yet Perfect Wedding Songs 

 

Nicki Minaj Drops New Songs 'Barbie Tingz And 'Chun-Li' 

 

Every Lyric From Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' 

 

Ech maachen d'Aen op an erëm zou, 

verkrauche mech ënnert der Decken, well ech wëll haut meng Rou, 

si Laangschléifer, am Numm vun de gemittleche Better. 

Wisou brauch ech eng Befehlsketten, ech besëtze mol kee Wecker, 

an der Rou läit d'Kraaft, mä jiddereen ass ze gehässeg. 

Renn net widdert d'Mauer, soss gëtt et sauer wéi eise Pundel-Esseg, 

aus Langweil maache mär eis géigesäiteg geckeg. 

De primäre Besoin ass jo erfëllt an de Mënsch ass onersättlech, 

dofir looss de Geldfloss ëmmer lafen. 

Wisou gees de der net e Sprangbuer fir an däin Zëmmer kafen? 

Dauernd Konkurrenzkampf, ëmmer dat Striewen, 

ech genéisse léiwer de salzege Mieresdoft an d'Sange vun de Méiwen. 

Mär spadséiere blann duerch eng gro Welt, 

hei si sou vill schéi Faarwen, do ass sécher eng, déi där gefält. 

Dofir mol net alles schwaarz, wann s de dech duerch d'Liewe schleefs, 

well d'Hoffnung ass de Reebou iwwert all Liewensrees. 

 

Check Out 

 

Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' Is Out Next Week 

 

The Best Karaoke Songs Ever, Ranked 

 

Every Lyric From Keith Urban's New Album 'Graffiti U' 

 

27 Best Ever Songs From Movie Soundtracks 

Copyright: Song Discussions Is Protected By U.s. Patent 9401941. Other Patents Pending.