Search lyrics

Typing something do you want to search. Exam: Artist, Song, Album,Writer, Release Year...
if you want to find exactly, Please input keywords with double-quote or using multi keywords. Exam: "Keyword 1" "Keyword 2"

De Läb

Genres: Hip-Hop

Looss Dech Goen Lyrics - De Läb

Looss dech goen a schalt e Gang zeréck, 

déi ganz Hektik brécht dach iergendwann däi Genéck. 

Ronderëm däi Kapp leeft de Stress am Groussstaddschungel, 

mä gleef mer, du befreis dech vun all deem ganze Rummel. 

Wann s du lass léiss, Alen, ech wäert der net fléiwen, 

ma lee dech einfach op de Réck a spill mat dengen Zéiwen. 

Däi Feierowend brauch net onrelax ze enden, 

d'Liewen ass ze kostbar, fir kee Moment ze verschwenden. 

Fënnef schéi Minutte fir den Dag ze vollenden, 

d'Schicksal ass keng Auer, mä looss dech awer mol pendelen. 

Well nëmmen eenzeg deng Gedanke si fräi, 

dofir flücht esou wäit et nëmme geet. 

Gëff mol labber, well soss vrecks du nach hei u Steifheet, 

lee dech zeréck a relax, maach der mol eng steif Freed. 

Bau kee Miesen, wann der erëm den Hype feelt, 

mä bau der e Gudden, deen duerch däi ganze Läif geet. 

 

Related 

 

18 Non-Traditional Yet Perfect Wedding Songs 

 

Nicki Minaj Drops New Songs 'Barbie Tingz And 'Chun-Li' 

 

Every Lyric From Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' 

 

Looss dech goen, du hues haut genuch gelidden, 

looss Waasser alafen a fann däi Fridden an der Bidden. 

Dëst ka wouer Wonner vollbréngen, 

't geet och ouni, du muss däin Owend net ëmmer voll verbréngen. 

Looss d'Sonn schéngen, och wa keng do ass, 

genéiss all Otemzuch a waart net, bis de gro bass! 

Looss dee ganze Ballast emol lass, 

maach d'Aen zou, deng Fantasie baut der schonn däin eegent Schlass. 

Jidderee brauch Selbstbestëmmung a seng Dreem, 

an deng ënner Stëmm seet der, du brauchs haut just däin Doheem, 

an en Deel vum Schaffen ass d'Konscht, sech auszerouen, 

huel der deng Rou a Rou, däi Feierowend auszeflowen. 

Dësen Owend gehéiert eleng nëmmen där, 

den Hung ass nach net um Kréinen a ween huet scho säi Wecker gär? 

't ass vläit net d'Léisung, mä dëst Lidd wäert scho Recht hunn, 

well haut maache mer allem Stress e Stréch duerch d'Rechnung. 

 

Check Out 

 

Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' Is Out Next Week 

 

Can You Guess The Song By The Emojis? 

 

Every Lyric From Keith Urban's New Album 'Graffiti U' 

 

27 Best Ever Songs From Movie Soundtracks 

Copyright: Song Discussions Is Protected By U.s. Patent 9401941. Other Patents Pending.

Are you remember?