Search lyrics

Typing something do you want to search. Exam: Artist, Song, Album,Writer, Release Year...
if you want to find exactly, Please input keywords with double-quote or using multi keywords. Exam: "Keyword 1" "Keyword 2"

De Läb

Genres: Hip-Hop

Mäi Léi Lyrics - De Läb

Mäi léift Lëtzebuerg, hei ass alles wonnerschéi bei eis, 

well hei souguer de Clochard op der Gare beim Oberweis speist. 

Mmmmh, Rent mat Genoss, aka RMG, 

a mär hunn d'Fixerstuff och elo zu Bouneweg. 

Jugendlech Alkoholiker, déi um Weekend an de Soff lafen, 

anscheinend sinn dat déi Leit, déi eisen Album wäerte kafen. 

Fills de dech ugesprach, ma da stell der mol puer Froen, 

Oder du kanns nächste Kéier ee mat eis buze goen. 

 

Related 

 

Songs You Love If You Love Nerds 

 

Nicki Minaj Drops New Songs 'Barbie Tingz And 'Chun-Li' 

 

Every Lyric From Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' 

 

Sprëtz mat Schampes am White, scho gëtt vu Prominenz geschwat, 

also brauche mer jo elo eng „Lëtzebuerg Privat". 

Bild der deng Meenung, well mer jo och all eng eegen hunn, 

sang eis awer elo kee Lidd dovun, soss fänkt et nach mat reenen un. 

Huet et mol erëm eng Kéier geschneit an den Himmel wuar blo, 

fir déi schlecht Deeg fënns de genuch Schnéi all Weekend an der Disco. 

Jo, mäi léift Lëtzebuerg, ech weess, ech kann ëmmer op dech zielen, 

zemools ëmmer dann, wann ech den 113 wäert wielen. 

 

Mäi léift Lëtzebuerg, mär passen zesumme wéi d'Thréis an den Heng, 

ech froe mech just: Firwat ass däin Horizont sou kleng? 

Dofir reese meng Gedanke fort, fir mir dat Land gutt ze doséieren, 

mä ech muss soen, du bass grad am gaang, mech ze kontrolléieren. 

Oh du, mäi Land, du wëlls eis all an d'Schabloun pressen, 

firwat wëlls du mech mat denger helleger Kroun erpressen? 

Ech wëll dach just meng Zäit mat där kreativ nëtzen, 

mä du wëlls mär andauernd just an d'Gesiicht ... 

 

Check Out 

 

Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' Is Out Next Week 

 

Match These Taylor Swift Songs to Her Ex-Boyfriends 

 

Every Lyric From Keith Urban's New Album 'Graffiti U' 

 

23 One Hit Wonders You Still Can't Get Out Of Your Head 

 

Soss wuars de frou, wa beim Schichtwiessel d'Sireeen ertéint, 

elo bass du de Bürosstull, dee sech nëmmen nach am Krees dréint. 

Ass et der elo dronken an däi Spuerschwéngchen zerbrécht, 

dat sinn d'Nowierkungen, Kolleg, du bass ebe geldsüchteg. 

Du verkeefs eis e schéint Bild, voller Eleganz, 

du hues Talent dofir, wisou mells de dech net bei "Wann s de eppes kanns"? 

Well wann déi eng et maachen, maache mär et dach och esou, 

A wisou brauche mär eng Tëlee? Du bass eng eenzeg Reality Show! 

Copyright: Song Discussions Is Protected By U.s. Patent 9401941. Other Patents Pending.