Search lyrics

Typing something do you want to search. Exam: Artist, Song, Album,Writer, Release Year...
if you want to find exactly, Please input keywords with double-quote or using multi keywords. Exam: "Keyword 1" "Keyword 2"

De Läb

Genres: Hip-Hop

Polit(hiks) Lyrics - De Läb

Zäit, Marionetten auszebilden fir déi éischt Instanz, 

alles fir d'Ausbeutung vun onser Vollekssubstanz. 

Dat sinn déi, déi een dono op d'Wahllëscht opstellt, 

alles fir déi Saach, déi mat Ligen ufänkt, weiderfiert a mat Ligen ophält. 

Elo si Wahlen, also maach dech mol an d'Biergerhaus, 

géi an d'Wahlkabinn, huel schéi brav deng Fieder raus. 

Zeechen deng Kreep, an hal dech aus allem Ierger raus, 

well nëmmen dat mécht eben e gudde Wieler aus. 

Zur Auswiel hu mer en aalt däitscht Räich fir déi Pensionéiert, 

den Hummer an d'Sichel ruffen, mä 't ass keen, dee se héiert. 

Dës Lescht haten eis Asozialisten eng gutt Etapp, 

d'Aarbechter am Fokus, mä hate selwer nach ni e Spuet am Grapp. 

Déi Lénk lénks halen net hir Ried riets am Eck, 

an ech muss zouginn - verschidde Saachen hu se scho gecheckt. 

All wëlle se sprinten, wéi eise Charly Gaul, 

Dpenisen, de Gréngespoun, mä där sidd all genau sou CSVaul. 

 

Related 

 

23 One Hit Wonders You Still Can't Get Out Of Your Head 

 

Nicki Minaj Drops New Songs 'Barbie Tingz And 'Chun-Li' 

 

Every Lyric From Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' 

 

Reif u menger Wahlurn an du hues puer Wënsch fräi, 

fir iech man ech alles, well hunn u sech de Mënsch gär. 

Vertrau mer, zesumme kënne mer d'Welt retten, 

wiel de Belsebub an hänk dech fest u meng Ketten. 

 

Politik, de Veräin vun den eidele Verspriechen, 

wisou loosse mer net de Paul, den Tëntefësch, fir eis wielen? 

Setz Modelen an deng Partei, ganz nom Motto „Sex sells", 

a gëss trotzdem rëm gewielt, och wann s de däi Wuert net häls. 

D'Hautfaarf spillt keng Roll, hunn och näischt géint de Barack Obama, 

säi Striewen ass grouss, mä säin Zil eng Fata Morgana. 

Déi iwwerflächlech Schuel weess, wéi ee sech Sympathie akeeft, 

an dono gëtt sech reng gewäsch mat der deierster Seef. 

Si pompelen eis Steieren an d'Propoganda-Gewier, 

mä schlussendlech ass et just waarm Loft, déi een doraus spiert. 

An déi Loft begleet ons bis an d'Doudelued, 

soss wuar et „E Mann, e Wuert", elo gëtt d'Wuert nëmmen an e Kontrakt geluet. 

Mä schlussendlech bleift där all Aristokrate-Raten, 

déi mat glaten Taten sech nëmmen eng besser Pai erwaarden. 

D'Demagoge-Logë fëlle sech stänneg schäinhelleg, 

och wann d'Faarwen a Gesiichter mol änneren, d'Politik bleift déi nämlecht. 

 

Check Out 

 

Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' Is Out Next Week 

 

Songs You Love If You Love Nerds 

 

Every Lyric From Keith Urban's New Album 'Graffiti U' 

 

Can You Guess The Song By The Emojis? 

 

Reif u menger Wahlurn an du hues puer Wënsch fräi, 

fir iech man ech alles, well hunn u sech de Mënsch gär. 

Vertrau mer, zesumme kënne mer d'Welt retten, 

wiel de Belsebub an hänk dech fest u meng Ketten. 

Copyright: Song Discussions Is Protected By U.s. Patent 9401941. Other Patents Pending.