Search lyrics

Typing something do you want to search. Exam: Artist, Song, Album,Writer, Release Year...
if you want to find exactly, Please input keywords with double-quote or using multi keywords. Exam: "Keyword 1" "Keyword 2"

De Läb

Genres: Hip-Hop

Speck In The Game Lyrics - De Läb

Kapitel dräi, Startknäppche gedréckt, 

déi eng nennen et „Back in the Game", mär nennen et „Zeréck mat engem neie Stéck". 

Jo, sou e Wanterschlof deet nawell ganz gutt, 

mär komme kuerz laanscht, datt der mol erëm Gesellschaft hutt. 

Denkt net, mär géife vun der Bildfläch verschwannen, 

de Präis ass keng gëlle Kou, mä éischter eng Killtäsch gewannen. 

Bandwierm goufen et schonn, wou de Sigi nach hei Grof wuar, 

an eisen ass hongereg no Sound a bleift bis Pipenneijoersdag. 

 

De Läb ass erëm do a verdeelt d'Styles aus dem Keller, 

zwee Mikroen, déi brennen, an den Jazzy Jeff um Teller. 

Well wa mär rocken, komme mär mat de Reimer op Touren, 

gleef mer, do zéie Mosse Schläimspuren. 

Also pak de Schleek aus, wa mer Hiphop zelebréieren, 

mär hunn en Zil, och wann de Lemmer eis net méi wäert chaufféieren. 

Also lauschter eran bei eisem Wierder-Kung Fu, 

well dëst ass de Soundtrack vun "dengmamm.lu". 

 

Related 

 

15 Huge Stars Who Were Backup Singers First 

 

Nicki Minaj Drops New Songs 'Barbie Tingz And 'Chun-Li' 

 

Every Lyric From Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' 

 

Mat méi Power, à la Herkul Grün a Georges Christen, 

mär wäerten der eis Skills vun all Bühn an d'Gosch fisten. 

D'Karbidsluucht aus der Minett, déi brennt wéi déi éiweg Flam, 

mécht aus roudem Buedem Gold, well mär dat gewéinlech man. 

Klamm op de Wagon, komm mat eis op d'Rees, 

en Tour duerch d'Landschaft, vun de Banke bis bei déi gréng Geess. 

Rësel drun a mär spruddele vu Freed wéi eng Sinalco, 

well mär bleiwen der ëmmer eng Nues viraus, ewéi de Falco. 

 

Check Out 

 

Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' Is Out Next Week 

 

Songs That Will Make You Cry Uncontrollably 

 

Every Lyric From Keith Urban's New Album 'Graffiti U' 

 

23 One Hit Wonders You Still Can't Get Out Of Your Head 

Copyright: Song Discussions Is Protected By U.s. Patent 9401941. Other Patents Pending.