Search lyrics

Typing something do you want to search. Exam: Artist, Song, Album,Writer, Release Year...
if you want to find exactly, Please input keywords with double-quote or using multi keywords. Exam: "Keyword 1" "Keyword 2"

De Läb

Genres: Hip-Hop

Stëbslongen Lyrics - De Läb

Corbi: 

Déi véier Däpp aus der Minett wäerten een zum Beschte räissen, 

deen am Ausgang kribbelt, wéi wann ee géif Käschte schäissen. 

Wann eis Wierder sech kräizen, wäerte mär deen echte Schäiss späizen, 

där musst iech fläissen, well soss kënnt den Nunz iech bäissen. 

 

Nu&zi;: 

Mat engem Quartett vu véier Persoune wäerte mer sécher kee Mënsch schounen, 

well hei geet et drëms, de gudden Toun ze betounen. 

Mat Wierder a Milliounen, nëmmen eng vu ville Missiounen, 

dofir Fluit, komm eran, fir déi nächst Strof ze betounen. 

 

David Fluit: 

Du kanns Wetten op eis maachen, well se véier zu eent stinn, 

reif der de Blatz aus den Aen a lauschter eisem Shit no. 

Mär rappen der Parts, eis wärt d'Lex sou séier kee ginn, 

all faule Batz muss dru knaen, dofir Eddes, gräif der de Mikro. 

 

Related 

 

Songs You Love If You Love Nerds 

 

Nicki Minaj Drops New Songs 'Barbie Tingz And 'Chun-Li' 

 

Every Lyric From Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' 

 

Edvice: 

Dat adrett Minetter Quartett fir méi Luxemburgensis, 

bis datt dee leschte Kulturbanaus sech och an d'Hänn pisst. 

Gutt Laun, fir datt och keen dobannen d'Flemm kritt, 

well et leeft genuch därs Pseudo-Gangster-Slang-Shit. 

 

Corbi: 

Genéiss dës Bris, eng Loft voll Kronospan a Buedem, 

déi struewele mat de Suelen, mär halen d'Féiss um roude Buedem. 

Där kënnt roueg aushuelen, mä keng Chance, eis anzehuelen, 

well soss wäert der wéi all déi faul Muede mam Spuet bezuelen. 

 

Nu&zi;: 

Hei am Minett ass een Héichuewen ganz schnell déif ënnen, 

well hei zu Land se sou Saachen ebe ganz gutt kënnen. 

D'Stëbslong kritt een net méi vun de Minen, mä vum Fëmmen, 

dofir verpeschte mer d'Loft elo mat eise Stëmmen. 

 

Check Out 

 

Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' Is Out Next Week 

 

23 One Hit Wonders You Still Can't Get Out Of Your Head 

 

Every Lyric From Keith Urban's New Album 'Graffiti U' 

 

Can You Guess The Song By The Emojis? 

 

David Fluit: 

Wann de Spacko eise Bräi checkt, ass wéi wann en akut de Bläi leckt, 

a säi Schäissdreck verschwënnt dono an eisem Bermudadräieck. 

Dofir dräi fräi Jack oder léiwer véier fir dësen Hiphop-Brunch, 

mär brauche keen ze schloen, an awer spiert der eise Punch. 

 

Edvice: 

Mär fuere mat 4x4, dat heiten Déier, zimlech séier, 

dat representéiert dat Poséiert, als himmlesch Éier. 

Reimer artikuléiert, am éiwege Géigeverkéier, 

fir dass och jidderee vun eisem Verméige profitéiert. 

 

Corbi: 

Wann déi waarm Schlake lafen, wäerte mär Granaten erschafen, 

sou schaarf Saache kann ee mol net um Schwaarzmaart kafen. 

Mär stoppen all deenen ale Pafen d'Baken, 

där kënnt de Sak paken oder där waart, bis mer iech mam Sak paken. 

 

Nu&zi;: 

Versichen, Geschichten ze dichten, Gedichter a Schichten, 

passend Wierder ze sichen, fir déi véier Zeilen ze beschichten. 

Gedichter richteg ze dichten mécht sech souwisou a Schichten, 

a wann den Nunz keng Iddi fënnt, ma da sicht en. 

 

David Fluit 

Komm Jos, du kromm Noss, däi Message ass domm Post 

a räif fir de Kompost, dofir komm, prost, et ginn der op de Mond soss. 

Du wëlls just fir däi Kont Goss, a fir däi Clip eng jonk blond James Bond-Moss. 

Pack dech, well soss gëss de mat dengem Schund wond geschoss. 

 

Edvice: 

Mat eidele Phrasen hu sou muencher wuel Aphasie, 

halluzinéire viru sech wéi de Gaddafi. 

Iwwerall Revolutioune fir méi Demokratie, 

dofir kicken ech all Pâté, dee mengt, e wier en Nazi. 

Copyright: Song Discussions Is Protected By U.s. Patent 9401941. Other Patents Pending.

Are you remember?

Champaign

Artist: B.o.b.



Uh Oh

Artist: 3lw