Search lyrics

Typing something do you want to search. Exam: Artist, Song, Album,Writer, Release Year...
if you want to find exactly, Please input keywords with double-quote or using multi keywords. Exam: "Keyword 1" "Keyword 2"

De Läb

Genres: Hip-Hop

Um Stammdesch Lyrics - De Läb

Barkeeper-Styles 

"Hähhh, wat? Ween ass dann do un der Dier?" 

"Putain, mär si scho rëm ze spéit an dat koum schonn ze oft vir!" 

"Stress net, ech komme jo schonn an den Auto gesprong, 

mat 180 Richtung Stad gëtt dat dach zu engem Kazesprong." 

 

Mat Vollbremsung ukomm virun der Schaff, 

du kënns un an et ass schonn e richtege Saustall wéi um Bauerenhaff 

an du frees dech: "Wou sinn ech dann hei erëm gelant? 

An ech hat geduet, mär wären an engem ziviliséierte Land!" 

 

Dat éischt, wat s de mëss, du stéiss séier op den Owend un, 

well et ass wichteg mat de Clienten deen nämmlechte Pegel ze hunn. 

Regel Nummer Eent, jo dat wuar se schonn, 

a lee eng schéin opgesate Face op an den Owend huet begonn. 

 

Related 

 

The Best Karaoke Songs Ever, Ranked 

 

Nicki Minaj Drops New Songs 'Barbie Tingz And 'Chun-Li' 

 

Every Lyric From Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' 

 

Pak däi Sonndeslaachen aus, sief héiflech, awer nimools vulgär, 

sou Stil „Ech hunn iech dach alleguerte gär." 

Well nëmmen esou kanns du literweis Gedrénks verkafen, 

an du brauchs en oppent Ouer fir d'Geschichte vun de Leit ze verkraaften. 

 

Mäi léiwen Alen, ech gesinn dat Dag fir Dag, 

ech fannen et mega, ech hunn nach ni sou vill gelaacht. 

Et ass wéi mam Cynar, jidderee spillt säi Star an der Bar, 

mä eis muss dat egal sinn, mär sinn do, fir der Clientèle all Wonsch z'erfëllen, 

à la „Kanns du mir de Cremant an e Veuve Clicquot's-Glas afëllen?" 

Ëmmer déi nämlecht Strackien um Trëllen, 

an et ass sécher, datt se nach ee wëllen. 

An eng Fro bleift sécher ni aus: "Kann ech nach ee kréien?" 

Bei eis kriss de nach een, mä an all aner Bar géings de rausfléien. 

Jo, sou Frëndschafte muss een eben fleegen, 

och wann s'eis dono wäerte widdert de Comptoir seechen. 

 

Check Out 

 

Cardi B's Debut Album 'Invasion of Privacy' Is Out Next Week 

 

11 Delicious Misheard Lyrics About Food 

 

Every Lyric From Keith Urban's New Album 'Graffiti U' 

 

Songs You Love If You Love Nerds 

 

Oft gesinn ech Tippen wéi e Gockel um Comptoir stoen, 

a bei der éischter gäiler Moss hiren Hochzäitsrank ausdoen. 

Mä ass d'Madame dobäi, gëtt sech séier kleng gehal, 

well de Rimm doheem dréit jo wéi bekanntlech ëmmer d'Fra. 

 

Aarmséileg. wéi al Säck jonk Meedercher offëllen, 

well d'Fraleit an hirem Alter kee méi mat hinnen zéie wëllen. 

En trauregt Spill, an deem se hire Porsche-Status benotzen, 

d'Fro ass just, ween hei ween am gaang ass auszenotzen. 

 

Verwinnte Bonzekanner, déi mat Glieser ronderëm schmäissen, 

d'Manéieren doheem loossen an op jidderee schäissen. 

Der stëbsen an hire Méckentarzan net ënner Kontroll kréien, 

mä de Pappa ass jo ëmmer do, fir d'Saach rëm riicht ze béien. 

 

Tjo, sou ass dat, a sou wäert et ëmmer sinn, 

datt dir d'Gause fir e gratis Cocktail schonn un d'Eeër ginn. 

A gesäis du s'op der Strooss a wëlls se mam Numm nennen, 

maache s'op eemol, wéi wann se dech net méi géife kennen. 

 

Am Fong misste mär zwee blann sinn an de ganzen Dag iwwer granzen, 

stell der mol vir, wéi vill elle Bratschen op den Dëscher danzen. 

Mä d'Liewen ass schéin, mär si frou, et ass alles super flott. 

Eh Fluit, bréngs du mer w.e.g. nach esou een haarde Shot? 

 

Ee Shot lénks, ee Shot riets, och wann s du munnechmol gierks, 

d'Haaptsaach du mierks, datt den Alk schnell wierkt. 

Well an dëser Spaassgesellschaft ass et wéi mam Hiphop, 

jidderee mécht sech eng vir... 

 

Mä egal, mär zwee spille mat, 

a loossen eis inspiréieren vun all deem ganze Kack. 

Well nëmmen esou kann een als Barkeeper hei bestoen 

oder däi Café wäert zu denger Enttäuschung d'Baach erofgoen. 

Copyright: Song Discussions Is Protected By U.s. Patent 9401941. Other Patents Pending.